Léiw Radiokollegen*innen, léif Memberen,

D’Lokalradioen zu Lëtzebuerg sinn zënter jee hier e feste Pilier vun eiser Medienlandschaft. Si schafen Noperschaft, vermëttelen Identitéit a ginn der lokaler Kultur, der Sprooch an de Leit eng Stëmm. No beim Public, op Aenhéicht mat de Bierger, droen si deeglech zu engem liewegen demokrateschen, sozialen a kulturelle Mateneen am Land bäi.

An enger Zäit vu rapide Verännerunge gepräägt duerch Digitaliséierung, Streaming-Offeren, sozial Netzwierker an nei Lauschtergewunnechte sti mir als Lokalradioe viru groussen Erausfuerderungen. Gläichzäiteg bidden dës Entwécklunge vill Chancen: fir nei Formater, méi Innovatioun, méi Accessibilitéit an eng nach méi staark lokal Verankerung.

Mat der Aféierung vum DAB+ zu Lëtzebuerg gëtt e wichtege Schratt a Richtung Zukunft gemaach. Dës digital Technologie erméiglecht net nëmme besser Qualitéit an eng méi grouss Reechwäit, mee schaaft och nei Méiglechkeete fir Medienpluralismus, Diversitéit an d’Siichtbarkeet vum Lokalradio. DAB+ ass domat méi ewéi en technesche Fortschrëtt et ass eng Investitioun an eng oppen, modern an nohalteg Radiolandschaft.

Den DLLR  (Daachverband Lëtzebuerger Lokalradioen) spillt dobäi eng zentral Roll. Als Daachverband setzt hien sech konsequent fir d’Interesse vu senge Memberradioen an, fërdert de Wëssensaustausch, stäerkt d’Zesummenaarbecht an ënnerstëtzt konkret Projeten, déi d’Qualitéit an d’Zukunftsfäegkeet vum Lokalradio sécherstellen. Den DLLR steet fir Engagement, Dialog an eng kloer Visioun fir benevolt Radiomachen zu Lëtzebuerg.

Besonnesch wichteg bleift dobäi d’Roll vum Benevolat. Hannert all Lokalradio stinn engagéiert Léit déi mat Passioun, Kompetenz a vill Häerzblutt hir Zäit an Energie fir d’Communautéit asetzen. Si suergen dofir, datt lokal Noriichten, Kultur, Musek, Sprooch an Evenementer hire feste Plaz am Mediealldag behalen. Dëst fräiwëllegt Engagement ass d’Séil vum Lokalradio a verdéngt Unerkennung, Ënnerstëtzung an eng nohalteg Perspektiv fir d’Zukunft.

Eis gemeinsam Visioun ass et, Onofhängegkeet, lokal Präsenz a Medienvielfalt och an de kommende Joren ze garantéieren trotz technescher, gesellschaftlecher an ekonomescher Transitiounen. Nëmmen zesumme kënne mir sécherstellen, datt de Lokalradio och muer nach eng relevant, glafwierdeg an onverzichtbar Stëmm an eiser Gesellschaft bleift.

Mat kollegiale Gréiss

Tom Streicher
Président DLLR